Ween sin mir Mennien ?

 

Fiers du gären Vëlo, egal op MTB oder Course dann bass de genau richteg bei den Mennien. Waat gëtt et méi Schéines ewéi säin Hobby zesummen mat Bekannten,Frënn an Kollegen ze deelen.


De Schwéierpunkt bei den Mennien läit ganz kloer op dem Spaassfaktor, zesummeneppes erliewen, eppes ënnerhuelen. Dëst kënnen z.Bsp. Randonneen, Coursen, Marathonen, Triathlonen awer och Vakanzen sinn, ewéi lo 2008 mat dem MTB zu Flachau. (A)


Jiddereen ass bei eis wëllkomm, also mellt Iech roueg!


Schon zënter enger ganz laanger Zäit (2 Joer) gi mir méi oder manner regelméisseg Vëlo fueren. Mat der Zäit sinn dann ëmmer erëm Leit dobäi gestouss an awer och ewech gefall.


Wéi d’Mennien sech dun op enger 24hCourse ugemellt hun, an do eng super schéin Zäit verbruecht hun, war des Idee gebuer.


Umellen kascht bei den Mennien näischt, si sin einfach nëmmen frou wann Dir iech fir hier Saach interesséiert an dir déi eng oder aner Kéier eppes mat hinnen ënnerhuelt.

Bike4Life – e puer Gedanken

Am Liewen maachen mir eis iwwer vill Saachen Gedanken a Suergen. Dacks geet et heibäi ëm Liewensqualitéit a Konfort, ëm Alldagsproblemer oder ëm kleng a grouss Projet’en.
Ëm eis eegen Gesondheet maachen mir eis réischt dann Gedanken, wann se a Gefor ass. A mir bréngen se och nach duerch munnecht Verhalen selwer a Gefor, ëmmer e bëssen mat der Meenung dass eis näischt kann geschéien.
De Bike4Life kann eis hëllefen, méi bewosst mat eis selwer ëmzegoen, ouni Panikstëmmung ze machen an ouni eist Gewëssen ze belaaschten:

  • Eis ze freeën doriwwer dass mir gesond sinn, an dëst als eng Chance ugesinn,
  • Eis ze informéieren iwwer dat richtegt Verhalen am Zesummenhang mam Risiko vum Hautkribs,
  • Eis verbonnen ze fillen mat all deenen, déi krank sinn an hinnen eis Ënner-stëtzung zum Ausdrock bréngen,
  • Ze hëllefen Suen ze sammelen fir d’Fuerschung an d’Präventiounsarbecht,
  • An och fir eis selwer. Fir dass mir méi bewosst mat eisem Kierper ëmginn, an alles machen fir eis Gesondheet ze erhaalen,
  • A schliisslech net zulescht fir schéin Momenter a origineller sportlecher Ambiance ze verbréngen.

De Bike4Life ass méi ewéi eng Sportsmanifestatioun. De Bike4Life ass en Engagement vun jonken Leit, déi eis all e Beispill kënnen sinn. Et ass en Appel un eis all, an et ass eng formidabel Initiativ där ech all Succès wënschen an déi d’Gemeng Ettelbréck vun ganzem Häerzen ënnerstëtzt.


Dem Komitee vun de „Mennien“ félicitéieren ech fir hiren Asatz, a fir hir Aart a Weis, des liewensfrou Manifestatioun ob d’Been gestallt ze hunn.
De Sportler déi sech bedeelegen, sief e gudden Dag gewënscht, an eng spannend a fair Competitioun.


Ech sinn iwwerzeegt dass dësen Dag e memorablen Dag fir Ettelbréck gëtt, a vläicht den Ufank vun enger Traditioun.